News
Lescht Ännerung: 05.02.2012

D'Parblat (am PDF-Format) fannt Dir lénks ënnert 'Parblat'


De Sozialgrupp vun der Par Diddeléng stellt sech vir

3 Aktivitéiten bidde mer un :

  • Zesummen zu Mamre : dësen 20. Januar hu mer eist 16. Gratis-Iessen organiséiert. Eemol am Mount bidde mer en Iessen un fir Leit a finanziellen a soziale Schwieregkeeten. Et ass jiddereen wëllkomm.
  • Vermëttele vu gebrauchte Miwwelen : hei sammele mer Miwwelen a ginn se un Leit virun, déi der brauchen, sech se awer nët leeschte kënnen. Mir hu just e Problem, well eis e Lokal feelt, fir se ënnerzestellen.
  • Versammlungen vum Sozialgrupp : si steet jidderengem op. Mir huelen eis besonnesch Zäit fir iwwer eis Erfahrungen am Engagement fir aner Leit auszetauschen. Vill Diddelenger Chrëschten hunn eng gutt sozial Oder, de Sozialgrupp ass fir si do.

Next Versammlung ass den 6. Februar am Veräinshaus.
Weider Informatiounen kënnt der beim Fränk Strock um 51 48 92 kréien !

MAMRE

Wann de groupe social vun eiser Par öfters an d’Veräinshaus op en Iessen invitéiert, get dat MAMRE genannt!
MAM(B)RE ass eng biblesch Referenz (Genesis 18, 1-15).
Den Abraham sëtzt viru séngem Zelt bei der „Eech vu Mambre“ (Chêne de Mambré). Dräi friem Männer kommen him entgéint. Den Abraham schwetzt si als eng Persoun un, a léisst fir si en Iessen vu sénger Fra SARA preparéieren.
Dës Szeen, ënner anerem vum RUBJLEV wonnerbar gemoolt, ass en Zeechen vu Gaaschtfrëndschaft a weist och schon op déi chrëschtlech Dräifaltegkeet hin.



Reliounsforum
mam Abbé Jean EHRET
um Radio 100,7
all Kéier Samschdes
um 07h50 an um 13h10


8. Februar

3. März - 24.März



10.02.12
19:00
Gebietsveillée an der Parkierch
22.02.12
17:15
Virbereeden vum Faaschten-Buffet
No der Mass
Faaschten-Buffet ënnert dem Ducksall
De Buffet gëtt virbereed vun de Firmungskanner 2012 an de grousse Massdénger.
Den Erléis vun dëser Aktioun ass fir ELA, Association Européenne contre les Leucodystrophies.
28.02.12
17:15
Virbereedung vum Statiounsgottesdéngscht
18:15
5. Statiounsgottesdéngscht


Chorale Ste Cécile
invitéiert ganz härzlech
op hir

Generalversammlung

den Freideg, 10. Februar 2012
owes um 20.00 Auer
am Veräinshaus (Parsall)

Eis Sänger maachen en Opruff fir nei aktiv Memberen fir de Gesank ze motivéieren.


Interessente kënne sech virun der Sonndesmass um Ducksall mellen oder beim Pol BRAQUET iwwert den Tel. 621 263 114 fir nach weider Informatiounen ze kréien.

Jiddereen ass häerzlech wëllkomm.

Chorale St Martin

Mir invitéieren
all Memberen, Eirenmemberen an Frënn
op eis

Generalversammlung

den Samschdeg, 11. Februar 2012
um 19.00 Auer
am Festsall vum Veräinshaus




Sonndeg, den 12. Februar

20. Dag vum Kranken

D’Fest vun der Muttergottes vu Lourdes, den 11. Februar,
gouf vum Poopst Jean Paul II als
„Dag vum Kranken“ benannt.
Dat war am Joer 1993!

Hei e puer Erklärungen zu dësem Dag, deen jiddereen vun eis ugeet.

Lourdes aux origines de cette journée mondiale

Le Pape Jean-Paul II, six mois après son pèlerinage historique à Lourdes, publia une lettre sur le sens chrétien de la souffrance – le 11 février 1984, anniversaire de la première Apparition de Notre-Dame de Lourdes – puis, le 11 février suivant, il créa le Conseil pontifical pour la pastorale des services de santé (1985).

Le 13 mai 1992, anniversaire de l’attentat dont il fut victime, il donna à la fête de Notre-Dame de Lourdes un rayonnement immense, une dimension nouvelle, annonçant qu’il fixait au 11 février suivant la première Journée mondiale du Malade (JMM).

La vingtième est célébrée cette année.

Régulièrement, l’évènement est plus particulièrement mis en lumière dans un grand sanctuaire du monde (tous les trois ans maintenant). La prochaine fois, le 11 février 2013, c’est au sanctuaire marial d’Altötting – en Allemagne – que cette journée mondiale sera célébrée de manière plus solennelle.



Kommioun 2012

Dëse Weekend huet de Kommiounsunterricht ugefaangen. 142 Kanner ginn op  d’Kommioun virbereed a klenge Gruppen.
Eise Gruppenhelfer elo schons ee
grousse MERCI fir hir Aarbecht an hir Zeit déi si fir eis Kommiounskannner hierginn.

14.02.12
17:15
Virbereedung vum Weegottesdéngscht
18:15
9. Weegottesdéngscht

Venite Adoremus!

Bonjour et bienvenue à tous sur ce nouveau blog du groupe Venite Adoremus!
(http://veniteadoremuslu.canalblog.com)

Venite Adoremus organise des veillées d'Adoration dans la crypte de la cathédrale de Luxembourg un mardi soir sur 2 sans interruption pendant les vacances scolaires.

Les veillées se dérouleront entre 20h15 et 21h15 et nous aurons la chance d'avoir parmi nous notre évêque Monseigneur Hollerich une fois sur 2 pour nous donner une catéchèse.

Les veillées d'Adoration débutent au retour des vacances de Noel, nous vous communiquons dès à présent les dates afin que vous puissiez câler ça dans vos agendas!

14 février - 28 février - 13 mars - 27 mars
10 avril - 24 avril - 8 mai - 22 mai - 5 juin
19 juin (l'archevêque sera présent)
3 juillet (l’évêque ne peut être présent)

Les dates en gras signalent la présence de notre évêque lors de la veillée.
Très vite suivra un post sur la présentation des veillées en elles-mêmes.

1 Mol am Mount

Anbetung

Eise Liturgiegrupp proposéiert all Mount
eng Zäit vun Anbetung

2012:   2. März
4. Mee, 1. Juni, 6. Juli

Le plus court chemin pour aller à Dieu, c’est la prière

Ste Thérèse d’Avilla


Beten heisst vor Gott bringen mich und mein Leben, meine Fragen und meine Unsicherheit, meine Schuld und mein Versagen, aber auch meine Freude, mein Jauchzen, meine Hoffnungen und Träume. Beten heisst vor dich bringen. Vor dich bringen heisst: mir all derer und all dessen bewusst werden. Mir bewusst werden heisst: ins Handeln zu kommen. Mich zu engagieren heisst: betend zu werden.

Andrea Schwarz in „Du Gott des Weges segne uns“

Gebietseck an eiser Kierch

Denkt drun fir e kuerzt Gebiet, e Moment vu Stëllt, e Gespréich mat Gott, ...
Eemol am Mount, Freides um 17:45 Auer, Anbetung a gemeinsamt Gebiet

Espace de prière aménagé dans notre église

Pensez-y pour une brève prière, un moment de calme,
une rencontre privilégiée avec le Seigneur,



Samschdeg, den 14. Abrëll 2012

Helleg-Rack Wallfahrt op Tréier

Wéi et allgemeng däerft bekannt sinn, gëtt dëst Joer erëm zu Tréier den Hlg Rack (Tunica Christi) öffentlech gewisen. Vill vun eis erënneren sech nach un déi lescht Wallfahrt (1996), wéi de Bus vun Diddeléng als éischten aus dem Gewulls vun Tréier eraus gefuer as.

Wann d’Diözes Tréier sech dëst Joer entscheed huet, erem déi Wallfahrt unzebidden, dann ass dat well virun 500 Joer déi éischt offiziell Pilgfahrt war.

D’Pilgerzäit fänkt un Freides no Ouschteren, dem offizielle Fest vun der „Tunica Christi“, dat as den 13. Abrëll.

Lëtzebuerg als éischt Nopeschdiözes ass dann fir e Samschdeg, 14. Abrëll als éischt Grupp op Tréier invitéiert!

Bis elo gesäit de Programm vir:
  • 10h30 Feierlech Eucharistiefeier fir all Paren vu Lëtzebuerg, duerno gemeinsamt Mëttegiessen, an
  • 13h30 gemeinsam Prëssëssioun an den Doum.
  • 14h00 Veréierung vun der „Tunica“ duerno Fräizäit zu Tréier.
  • 16h30 Retour vun de Bussen.

All Par muss selwer den Transport op Tréier an zeréck organiséieren. Wann genuch Leit sech mellen, bestelle mir e Bus vun Diddeléng aus. Soss musse mir eis enger Nopeschpar uschléissen. Interessenten kënnen sech elo schons am Parbüro mellen. Natiirlech musse mir nach op ganz praktesch Detailer warden.

Well mir de Parausflug fir Sonndes duerno virgesinn haten, musse mir deen dëst Joer ausfale loossen, a maachen den Ausflug an d’Abtei vun Autrey an de Vogesen d’nächst Joer 2013.


Al Timberen:
Gestempelt a gebraucht Timbere mussen net ewechgehäit ginn.
Et kann een se erofschneiden an d’ganzt Joer duerch ofginn, besonnesch elo ëm d'Chrëschtzäit a Neijoersdag.
Eng Sammelkëscht steet hannen an der Kierch beim Dafsteen.
D'imberen gi verkaaft a mat dem Erléis gëtt Kanner an den aarme Länner gehollef: si kréien Hefter a Bleistëfter, Uniformen fir an d’Schoul, Medikamenter, si kréien eng Bibel a ginn duerch d’Kateches an d’Frëndschaft mam Jesus agefouert.


Sidd Dir interresséiert u Bicher?
Si kaschten näischt!
Dir braucht se nëmmen ewech ze huelen.

Rufft weg un um Tel.: 51 58 88

(Norbert Sadler)
 
Paraktioun 2011/2012
Développement du Centre
communautaire
« Esperando Suefros»
au quartier Villa Albertina
à Buenos Aires
en Argentine
Comment soutenir ce projet ?
Votre générosité peut se manifester par Ia participation aux nombreuses actions organisées en faveur de ce projet par la Paroisse de Dudelange
ou par Ie versement d'un don sur le compte
de Ia Paroisse de Dudelange
LU11 0028 2406 4600 0000 (Dexia)
avec Ia mention
« Projet Argentine »
Flugzettel in Deutsch

Bitte auf Fahne klicken

www.amu.lu (externe Link!)
Prospectus en français

Cliquez le drapeau svp
Wie können Sie dieses
Projekt unterstützen ?
lhre Großzügigkeit können Sie zum Ausdruck bringen, sei es durch die Unterstützung der zahlreichen Aktionen der Pfarrei Düdelingen zugunsten dieses Projektes,
sei es durch eine Spende auf
das Konto der Pfarrei Düdelingen
LU11 0028 2406 4600 0000 (DEXTA)
mit dem Vermerk
« Projekt Argentinien »

Entwicklung des
Gemeinschaftszentrums
,, Esperando Suefros"
im Viertel Villa Albertina der
Hauptstadt Buenos Aires in
Argentinien





All Dënschdeg um 20h15

Gebietskrees

zu Butschebuerg
an der Kapell


Mat Gesang a fräiem Gebied
luewe mer den Härgott.

Dono liese mer zesummen an der Bibel.

Ëmmer Dënschdes

um 18:15 Auer

an der Parkierch

Kannermass



Daffeier
an der Parkierch
vun Diddeléng
Den Datum vun de Dafen kënnt Dir lénks ënnert "Kanddaf" fannen.

Eis Gesangvereiner An eiser Martinuspar hu mir gläich 5 Gesangveräiner.
Jo, Dir hutt richteg gelies!
Et sinn:
- d’Kannerchorale
- d’Chorale de la communauté italienne
- d’Chorale de la communauté portugaise
- d’Chorale St Martin (eis Dammen)
- d’Chorale Ste Cécile (eis Hären)

Hochzäit an der Par Diddeléng
Informations pour la préparation de la cérémonie de mariage

Mass an der Kapell vum Altersheim (CIPA)
Zënter de schéinen neie „Centre intégré pour personnes âgées“ (CIPA), daat fréiert Altersheim, an der rue Pierre Dupong besteet, gëtt all Méindeg an der Kapell gleich rechts bei der Entrée d’Mass gefeiert.
Dës Mass ass um 10h30. Et sief drop opmierksam gemaach, datt dëst eng „oppe Mass“ ass, d.h. jiddereen däerf un dëser Mass deelhuelen.
Et ass keng Mass Méindes an der Parkierch. Et besteet also d’Méiglechkeet och eventuell d’Sonndesmass am CIPA nozehuelen.
Duerch eis Präsenz weise mer, datt och d’Leit am CIPA zu eiser Pargemeinschaft gehéieren. Zum Schluss nach e klengen Tip:
No der Mass ass gläich virun der Dir vun der Kapell an der Cafeteria d’Méiglechkeet den Apéritif ze huelen oder eng Taass Kaffi ze drénken.

Mass-Intentiounen:

Op dëser Platz nach e waarmen Appel fir „Massen ze bestellen“ an drun bäizewunnen.

Eng Wiertesmass kascht 15€ an ass integral fir d’Kierchefabrik.

Massen a Kollekten sinn den eenzeege „Revenu“ vun eiser Kierchefabrik.


Dir wëllt eng Stëftung maachen fir äer Verstuerwen,

da kënnt Dir Iech am Paschtoueschhaus mellen.

Eng Stëftung kascht 400€. Domatt verpflicht séch de Kiercherot, während 20 Joer
all Joer eng Mass fir Äer Lieweg a Verstuerwe feieren ze loossen.

Den Zäitpunkt (Mount) kënnt Dir selwer bestëmmen.


Aus der fréierer Diddelénger Kierch (ofgerappt am Joer 1900)

Den Abbé Jean Malget huet am „Organ für christliche Kunst in Luxemburg, 1870“(Virgänger vun t’Hémecht) en Artikel vum Paschtouer Jean-Jacques Didier (18..-18..) iwert den Altor vun der Helzener Klaus fond. An desem Artikel gëtt d’Frovun enger Restauratioun vun desem Altor opgeworf an dann an engem Niewesaz gesot; „Ich schliesse mit dem Wunsch ... für Düdelingen geschehen ist“.

Leider wësse mer näischt vun dem Altor aus der fréieren Kierch.

Dofir en Appel: Wa vläicht nach een Fotoen oder Informatiounen aus der aler Kierch huet, wäre mir frou fir se geléint ze kréien. Merci!


Eis Gremien a Veräiner Stellen hei Sech Vir